Alle véierzéin
novell
1436 ? Den Nickela op der Bäerbrecher Buerg dreemt sech hannescht an déi Zäit, wou en nach de Colinot war. Iwwerdeems en déi véierzéng Nouthelfer schnëppelt, kommen em d?Kandsdeeg op der Meuse erëm. Wéi en am 100-järege Krich hondkrank zu Neufchâteau...
mehr
1436 ? Den Nickela op der Bäerbrecher Buerg dreemt sech hannescht an déi Zäit, wou en nach de Colinot war. Iwwerdeems en déi véierzéng Nouthelfer schnëppelt, kommen em d?Kandsdeeg op der Meuse erëm. Wéi en am 100-järege Krich hondkrank zu Neufchâteau am Schapp trëllt, rennt en op eemol am Féiwer zur Paart aus a bleift op der Landstrooss leien. Eng lëtzebuergesch Kréimerkoppel reeft en op, hëlt e mat op Toul a vun do op engem Muselnaache bis op d?Bëlleger Spatz an heem op Bäerbrech (Bäerbuerg). Ma déi zwee Kréimerleit drénke sech dout aus zwéi Pätt Viz an hie soll se vergëft hunn. E Gléck, datt d?Schlassfra fir e biergt. Si kritt e fräi a léisst en d?Tuerwuecht maachen. Iwwert der Schnëtzelaarbecht fir en Hellegenaltor fënnt en eraus, wien em un d?Liewe wëllt. Déi Helleg alle véierzéng pake mat un ?
|