Komm net kräischen
Well et nawell vill mat senge musikaleschen Optrëtter a Produktioune beschäftegt war, huet d'Claudine Muno elo no laanger Zäit eng Erzielung geschriwwen. Komm net kräischen huet wuel och deen een oder aneren a senger Jugend ze héiere kritt. An dorëms...
mehr
Well et nawell vill mat senge musikaleschen Optrëtter a Produktioune beschäftegt war, huet d'Claudine Muno elo no laanger Zäit eng Erzielung geschriwwen. Komm net kräischen huet wuel och deen een oder aneren a senger Jugend ze héiere kritt. An dorëms geet et an deem neie Buch vun dëser lëtzebuergescher Schrëftstellerin, déi bis elo nach ëmmer als dat Jéngst eemol de Servais-Präis kritt hat. 00Gesanksunterrecht mam Paul, eng Klassefaart op London an d'Eltere mat hire Warnungen? dat fënnt sech alles an dëser Erzielung. Interessant ass virun allem déi stilistesch Weiderentwécklung vum Claudine Muno am Lëtzebuergeschen. Hatt ass net do stoe bliwwen, wou et virun e puer Joer opgehalen huet. Mä iwwerzeegt Iech selwer! 00Well d'Claudine Muno och eng vun den talentéierste Singer-Songwriterinnen ass, wëlle mer och drop hiweisen, datt déi éischt CD 'Fish Out Of Water' bei Op der Lay erschéngen ass. Februar 2006 ass och eng CD vu Claudine Muno & The Luna Boots bei Op der Lay erauskomm: 'Monsters' (leider vergraff!).
|